15th
JUN

Transfensch - Alter Ego

Posted by admin under CD Reviews, Music

Transfensch dierft denen meeschten ennert ons keen Begreff sin. Et handelt sech em eng Band aus der Lorraine, dei 2003 gegrennt gouffen an dei elo hiren eischten Album “Alter Ego” op den Marché bruecht hun. Dei Band mecht eng Musekrichtung, dei ech mech kaum trauen ze beschreiwen, oder se iwwerhapt an engem Genre anzeklasseiren. Et gett geschwat vun “cyberpunk psyché”, wat och emmer dat ze heeschen huet. Hir Musek besteet haaptsächlech aus neien produzeierten Sounds dei vun den neien Medien inspireiert sin. Nodeems ech duerch Zoufall op hieren Myspace gestouss sin, as mer opgefall dass se den 28.06 an der Kulturfabrik zu Esch/Alzette Release-party hun. Doropshin hun ech mer hieren Album iwwert hiren Shop fir, ouni Witz, 1 € erofgelueden. Hiren Album kann een online bestellen an och ganz nom “Radiohead-prinzip” eroflueden, an dat bezuelen wat en well. Et muss allerdings am Verglach zur Aktioun vun Radiohead opmanst 1€ bezuelt gin mee dat ass jo awa wirklech dat manst.

10th
JUN

Review: Avril Lavigne @ Rockhal

Posted by admin under Music

Jo, ech gin zou, ech hun eng Zeitchen neicht mei geschriwwen wat ennert anerem dorunner leit, dass ech am Moment einfach sou vill verschidden Sachen man an kaum Zeit an den Blog investeiren kann. Mee nodeems ech geschter um Concert vum Avril Lavigne an der Rockhal war, wollt ech einfach mol nees en Post veröffentlechen an do hun ech ma geduecht en Review wir fleit ganz fein. Den Concert war fir mech perseinlech eppes ganz besonneches, well ech et op 8ieme an och nach speider richteg gudd fonnt hun. Mat sengem leschten Album “The best damn thing” huet et mech eigentlech zimlech enttäuscht gehat mee trotz allem wollt ech mer d`Geleegenheet net entgoen loosen, et eng Keier live ze gesin. Ouni vill Erwardungen sin ech op den Concert gangen an war bei denen 2 eischten Lidder och richteg entäuscht. et huet einfach net gudd geklongen, ech wees net un wat et louch well vum dretten Lidd un war et beemol richteg gudd, an dat bis zum Schluss. Seng Performance war an der Rei, et war lo net wirklech extra mee et huet awa Stemmung gemach, seng Show gema an mat den leit kommunizeiert. Am Groussen an ganzen war den Concert wirklech gudd woubei awa ze soen ass, dass ma all dei Elteren mat hiren Kanner zimlech Leed gedoen hun. Beim Merchandise sin Kanner einfach nemmen ofgezockt gin, 10 Euro fir en Pouster, 30 Euro fir en Girlie-shirt, 10 Euro fir en klengen Avril Fändel an lauter oneideg Sachen, dei zu absolut iwwerdriwwenen Preisser verkaf gouffen. Esou eppes ass an mengen Aaen wirklech richteg dreckeg. Dat war allerdings och dat eenzegt negativt wat ech entdeckt hun, an vu que dass ech nach jonk sin an och keng Kanner hun, kann et mir eigentlech och egal sin. Nujee, bleiwt ma nemmen nach offschleissend ze soen … rockdudes.lu ass online seit dem 1.Juni ! allez seier unmellen !

(c) Photo by Eldoradio.lu

20th
MAY

rockdudes.lu - Néi Community

Posted by admin under Uncategorized

Vum 1.ten Juni un gett et eng fonkelnéi Community déi sech und Rocker aus dem Land richt. Rockdudes nennt sech den Project, béi dem en sech registreiren kann, an dann sein eegent Profil (vergleichbar mat myspace) créeiren kann, Frenn adden, Comments schreiwen an villem mei. Lo kann en sech froen firwaat dann Letzebuerg eng Myspace Kopie brauch ? Rockdudes ass eigentlech vill vill mei wei nemmen en Myspace Klon. All User (ob normalen User oder Artist) kann den Contenu vum Site interaktiv matbestemmen, sou kann zB. all User News & Reviews schreiwen, Events an den Agenda androen an sou dei richteg Zielgrupp ereechen ! Natirlech gett den Contenu kontrolleiert an nemmen richteg News an ansttänneg Reviews gin och wirklech prublizeiert. Niewt dessen Funktiounen, hun registreiert Notzer och Acces op en Audio archiv, an dem en gratis & legal MP3en downloaden kann, vun nationalen souwei och internationalen Kenschtler (aus sämtlechen Rock-genren, vun Punk bis Indie) Dess nei Community bidd awer net nemmen den Useren Virdeeler, mee och den nationalen Kenschtler, dei dodurch eng Plattform hun, wou hir Fans se ereechen kennen an gleichzeiteg nei Fans gewonnen kennen gin.

Rockdudes.lu geet den 1ten Juni online ! Ech geif mech fréen wann der ierch geingt derekt den 1ten daag registreiren, an mer ären feedback schreiwt. Als Matwirkenden un dessem Project ass mir dat perseinlech ganz wichteg !

1st
MAY

Den Summer gett déier.

Posted by admin under Music

Jo den Summer gett definitiv déier. Geschter goufen nämlech masseg nei Concert`en ugekennegt. Lass geet et den 12.ten Juli mam schotteschen Newcomer Paolo Nutini fir den en och schon en stolzen Preis berappen muss wann en bedenkt dass en reicht en Album veröffentlech huet. 36 Euro kascht den Concert vum gudden Jong.

Exakt en Mount mei speit den 12.ten August, gin ons Maximo Park dann d`Eiher. Eng richteg genial Formatioun mat mettlerweil 3 bzw. 2 genialen Alben fir dei en dann och 26 Euro berappen muss wat et awa definitiv wärt ass.

Weider geet et mam Terres Rouges Festival 2008 den dest Joer wuel nees en besseren Programm obweisen kann. Mat dobai: Killerpilze, Eternal Tango, Lireal, Sunrise Avenue, Revolverheld an als Headliner Us-entdeckung vum Timbaland One Republic. Beim Preis vun 33 Euro kann en et sech erlaben do mol lanscht ze kucken. Bis lo ass et dat do. Ech geing soen vum ärzte Open air muss ech schon guer net schwetzen. cheers !

29th
APR

Coldplay releast “Violet Hill”

Posted by admin under Music

Wei geschter ugekennegt ass seit haut den metten dei nei Single vun Coldplay “Violet Hill” gratis an legal op coldplay.com downzeloaden. Leider schengt hiren System iwwerlascht ze sin, well Download-links reicht (wann iwwerhapt) en puer Stonnen dono ukommen. Dofir hun ech Single schnell op Rapidshare geuppt. Have fun !

http://rapidshare.com/files/111250337/coldplay_violethill.zip

eigentlech ass den Download jo nemmen eng Woch for free online, mee bon, einfach mol ofwaren op rapidshare iergentwann op den gedanken kennt, dess file ze löschen.

Update: Fir all déi Leit dei en schlecht Gewessen kréien, wann se dess MP3 och lo no der Woch downloaden, d`Single ass elo natirlech an all Geschäft an an denen meeschten Downloadstores ze kréien !

28th
APR

Fete de la musique & Coldplay News

Posted by admin under Music

Haut hun ech emol eng Keier derekt 2 intressant Neiegkeeten. Fenken ma also mol un mat der Fete. Wei all Joers gin et zu Diddeleng op der Fete de la musique en puer Stagen an folgend Bands sin dest Joer mat vun der Partie: Granny`s Favouritz, Spleen, Miaow Miaow, Raftside, Versus you, Eternal Tango, Botanica, The Horror The Horror, Winterkids, Hal Flavin, Sixpax, Babyoil, Jamaram, Le peuple de l`herbe, Peilomat, Arid an Stanfour. Ausserdem kommen gudd News aus England, an zwar hun Coldplay en neien Album opgeholl den den 12.Juni erauskennt. Den Album huet den Titel “Viva la Vida or Death And All His Friends” an dei eischt Single-auskopplung “Violet Hill” kann en vun muer den metten 12.15 Auer gratis & legal op der offizieller Coldplay Website downloaden, an zwar fir genee eng Woch.

22nd
APR

Updates & John Bulter Trio

Posted by admin under Music

ech hun den Blog schon eng Zeitchen net mei upgedate mee et war mer zeitlech einfach net meiglech… mee lues an lues wärt ech elo rem mei Zeit fannen (hoffen ech opmanst) an sou hun ech dem Blog dann lo en neit Template geschenkt. Wann der den Template gefällt, dann muss der mol beim Brian Garnder lanschtkucken, den huet eng Dosen Templates créeiert an verschiddener dovunner kaschten souguer neicht.

Den Atelier kritt iwwregens Besuch vun enger genialter Band, nämlech dem John Butler sengem Trio. Bekannt sin si reicht 2007 mat hirem Live Earth Optrett gin an seitdem sin se weltweit op Tour an sin grad reicht um Ufank vun der Populariteit. John Butler Trio machen wirklech relaxen Jamrock an hir Concert`en sin einfach nemmen empfehlenswert. Fir all dei, dei se net kennen, lount et sech op alle Fall eng Keier hir Lidder op hirem myspace unzelauschtren. Dessen Concert zielt secher zu engem Highlight (niewt Nada Surf) vun dessem Joer! Ticketen kaschten 23 Euro an den Concert ass den 2.Juli. Als Virgrupp spillen d`Australier “Mama Kin” an dei klengen och ganz intressant. Op hirem myspace kann en zwar reicht 2 Lidder lauschtren, mee dei klengen wirklech intressant.

30th
MAR

Mc Donalds Sturm als next zu Letzebuerg ?

Posted by admin under Uncategorized

Et ass een vun den Top Themen wann en haut daitsch Norichtensender kuckt. Iwwer 700 Leit hun sech zur selwechter Zeit an engem Mc Donalds zu Berlin getraff, mam Ziel den Mc Donalds Sturm rekord ze briechen den bis elo bei 4500 Burgeren louch. Idee ass ganz einfach. Ganz vill Leit treffen sech am Mc Donalds an kafen all 1 € Burgeren !

Dat ganzt huet dann och elo en jonken Letzebuerger welles. Stiermt den Mc Donalds zu Letzebuerg. Wou genau steet nach net fest, am Moment gett iwwer Facebook Memberen gesammelt. Beitrieden kann en iwwert folgenden Link:

http://www.facebook.com/group.php?gid=21183393072

Hei ass iwwregens den Video vum Sturm vun geschter zu Berlin:

15th
MAR

LUXEMBOURG FREEZE

Posted by admin under Uncategorized

Haut den Metteg war et endlech souwait. Frozen central station Luxembourg ;-)

28th
FEB

Letzebuerger Wort bréngt P2P Artikel (UPDATE!)

Posted by admin under Politik

Baal 3 Wochen huet et gedauet, mee emmerhin krut ech eng Äntwert op meng Mail ! Chapeau !

Här Brücher,

Ech soen Iech fir d’éischt emol Merci fir Ären Email vum 9. Februar 2008, wou Dir reagéiert op mein Artikel “Peer to peer” - Austausch von Musikdateien im Internet”, den am WORT vum 7. Februar 2008 veröffentlecht gouf. Ech sinn natiirlech frou, wann meng Beitreeg am WORT esou grëndlech gelies ginn, an d’Lieser op mech zreck kommen, fir weider Froen ze stellen. Ech entschellege mech och, dat ech eréischt elo op Är Froen zréck kommen. Op et schons Fäll hei zu Lëtzebuerg gouf, wou Donnéen vun Lëtzebuerger bei engem Internet Service provider ugefroot goufen, kann ech Iech leider kéng Äntwert ginn. Esou Prozeduren sinn net öffentlech an ginn och meeschtens net publizéiert, sou dass et kéng öffentlech zougänglech Daten heiriwwer get.Theoretesch ass et awer méiglech. Op den Provider heirop réagéiert an wéi, leit meeschtens um provider selwer. Net auszeschléissen ass, dass den Parquet oder dne Untersuchungriichter kann saiséiert ginn mat enger Plainte vun Leit, denen hir Droits d’auteur violéiert goufen, am Hinbleck op eng stroofrechtlech Poursuite. Och en zivilrechtleche Prozess bei den Zivilgeriichter wéinst der Violatioun vun Droits d’auteur kann vun den Auteuren ugestrengt ginn. Jurisprudenzen heizou goufen, mengem Kenntnisstand no, bis elo net veröffentlecht. Op et der gett, kann een nemmen beim Geriicht selwer nofroen, wann en genau Donnéen huet iwer den Datum an den Numm vun den Parteien vun esu engem Urteel. Wisou et an Deitschland esou masseg Fäll vonh Stroofen wéinst P2P get, leit, wéi gesoot an mengem Artikel (”Eine von Land zu Land verschiedene Situation ist somit gegeben.”), un der Situation no deitschem Recht. Wann das deitscht Recht esou Méiglechkeeten virgeseit, kann dest och vun Auteuren genotzt ginn. Wann aner Länner dat esou net virgesinn, ass dat dann eben net den Fall. Hei spillt also nationalt Recht an, bis elo op jiddfer Fall, keen EU-Recht.Et ass wuelverstaan, dat d’Aussoen am Kader vun dëser Äntwert keng rechtlech Stellungnahm duerstellt an och keng Verantwortlechkeet vun miir am Hibléck op déi traitéiert Froen kann mat sech brengen. Fir en détailléierten juristischen Avis misst Dir Iech un een Affekoot wenden, an desen mat konkreten Froestellungen befaassen.

Mat frëndlechen Gréiss,
Patrick Goergen